ARTENVIELFALT AM REEBËSCH : et geet em t’Déieren aus dem Amazonas-Reebesch awer och em de Bësch selwer: wou gëtt et Reebësch op der Welt a waat as typesch fir de Reebësch? firwaat ass en a Gefor a wéi kënne mir selwer hëllefen? Wéi hänken Déieren a Pflanzen vun eneen of ? Mir kucken daat um Beispill vun Déieren am Amazonashaus vum Park (primaire,secondaire)
IWERLIEWEN Wéi hun sech Déieren un hiire Liewensraum ugepasst ? Wéi eng "Tricken" hun si, fir ze iwerliewen ? z.B. wou et immens waarm oder kaal ass, wou se nett vill ze iesse fannen, wou se vill Feinden hun....
(primaire, secondaire)
MIX-TOUR: hei léiert dir eng oder e puer Déierenzorten méi genee kennen. Daat kann bei der Réservatioun festgeluecht gin oder dir kënnt iech iwerrasche loossen.
(précoce, préscolaire, primaire)
ALLDAAG am Déierepark: hei gett ee gewuer waat muss geschafft gin, fir datt et den exoteschen Déieren gutt geet a waat t’Aufgaben vun engem modernen Zoo sin. Et kann een och mat an t’Déierekiche goen a gesin waat um Déiere-Menu steet. (préscolaire, primaire, secondaire)
D’WELT ENNERT WAASSER: Piranha, Aruwana, Welsen, Zitteraal, Stachelrochen.... sin alleguer Séißwaaserfesch déi et am Amazonasgebidd gëtt. Waat sin t’Merkmaler vun de Fësch? Waat friessen sie? Hun se all Schuppen? Firwaat ass de Piranha sou wichteg?... Dir kennt och nokucken, wann t’Fesch gefiddert gin. (préscolaire, primaire)
AAFEN : am Park liewen mettlerweil vill Aafefamiljen: Lemuren, déi op Madagaskar doheem sinn, t’Krallenaafen aus Südamerika an nett de vergiessen dem Pippi Langstrumpf säin Här Nilsson... Mir vergläichen des kléng Zorten awer och mat de Menschenaafen. (préscolaire, primaire)
REPTILIEN: dir léiert d’Schlaang, Schildkröt a Gecko méi genee kennen, a kënnt sie och upaaken. An dir léiert och eppes iwert t’Krokodil bei. (précoce, préscolaire, primaire)
Allerlee VULLEN: déi eng kenne fléien, di aaner nett. Di eng friessen Uebst a Kären, di aaner hu léiwer e Maufel Fleesch oder Fësch. Am Park fënnt een eng flott Auswiel vum Emu iwert de Pinguin zu de Flamingoen, Pelikanen, Papageien, Gréifvijel an Eilen.
(préscolaire, primaire)
KLEVER ZWERGEN: Gëftdéieren an Tarninsekten.
An den Terrarien liewen gëfteg Zwergen, déi sech ze wieren wëssen: Vullespann, Skorpion, Tausendfüßer, oder awer Pfeilgëftfräschen, déi mat hirer knalleger Farw warnen.
Aaner Déieren hun zwar kee Gëft, kënnen sech awer durch hir perfekt Tarnung verstoppen.
(primaire, secondaire)
DARWIN & Evolutioun:
2009 gouf den Darwin gefeiert (1809-1882). Hien huet virun iwer 150 Joer e wichtegt Buch geschriwen, daat d´Entwécklung vun den Planzen- an Déierenarten erklärt. Fiirwaat entstinn nei Arten, fiirwaat stierwen Arten aus, all déi Froen stellt sech d´Evolutiounstheorie. Am Park liewen Déieren, déi gudd Beispiller sinn fir verschidden Aspekter vun der Evolutioun méi genee ze kucken.
(primaire : grade IV; secondaire)
méi zu allerlee Aktivitéiten an der Groussrégioun zum Darwinjoer fannt dir um externe Site:
www.darwin.lu
Äre SCHOULPROJEE am Park: wann dir e besonnescht Thema hutt, wou et am Park e „liewecht“ Beispill derzou gëtt, hëllefe mir iech gären fir är Visite ronderem dëst Thema ze gestalten
(fir all Klassen; minimum 3 Wochen am Viraus ufroen).
zrëck erop
Bis den 10. Oktober daueren
d´Aktivitéiten nach 1 Stonn
pro Grupp. (40 € + Entrée)
Am Hierscht + Wanter kann
1 Grupp (je nodeem och 2)
pro Moien fir 2 Stonnen
pro Grupp kommen.
(ca. 80 € pro Grupp insgesamt)
d´Aktivitéiten nach 1 Stonn
pro Grupp. (40 € + Entrée)
Am Hierscht + Wanter kann
1 Grupp (je nodeem och 2)
pro Moien fir 2 Stonnen
pro Grupp kommen.
(ca. 80 € pro Grupp insgesamt)

