„Déieren zeechnen“ den 27.05, 29.05 an 31.05
fir Schoulklassen am Parc Merveilleux
Och dëst Joer proposéiert de Parc Merveilleux nees Zeechenatelieren zum Thema Déieren mam Wildlife-Kënschtler Alan Johnston.
D’Schüler beobachten d’Déiere genee a ginn allerlee iwwert si gewuer. Et gëtt mat Bläistëft eng Skizz gezeechent an duerno mat Aquarellfaarwen direkt am Skizzebuch gemoolt.
Des Ateliere si fir Schoulklassen ab dem Cycle 2.
Zeechenateliere fannen :
- Méindes den 27. Mee,
- Mëttwochs den 29. Mee,
- Freides den 31. Mee statt.
Et ass jeeweils een Atelier moies vun 9:30-11:30 oder mëttes vu 14:00-16:00.
Den Zeechenatelier kascht 200 € pro Klass a pro Workshop. D’Material ass mat abegraff ! D'Schüler kënnen hiert Skizzebuch halen. Klassen déi de ganzen Dag am Parc wëlle bleiwen : supplément vun 40€ pro Klass.
Hutt dir nach Froen oder wëllt der Iech umellen da kontaktéiert eis :
Zooschoul Parc Merveilleux
Telefon : 51 10 48 54 (Marilyn Ewert)
zooschoul@parc-merveilleux.lu
Zooschoul
Dat neit Schouljoer huet nees ugefaangen an och d’Zooschoul hat hir Rentrée. Mir géifen eis freeën Iech am Park ze begréisse fir mat Iech vill Saachen iwwert eis Déieren z‘entdecken.
D’ganzt Joer iwwer bidde mer hei pädagogesch Aktivitéiten ronderem Déieren an hire Kontinent un, fir Schoulklassen.
An der Saison tëscht Abrëll a Mëtt Oktober
daueren d´Aktivitéiten 1 Stonn .
(40 € pro Grupp + Entrée)
1 Léierpersoun ass gratis
Ausserhalb vun der Saison dauert et 2 Stonnen
( 80 € pro Grupp alles inclus )
Am Mëttelpunkt vun der Zooschoul stinn Déieren vun alle Kontinenter, déi am Park liewen.
Si sinn oft Stellvertrieder vun Déieren, déi an hirer Heemecht bedroht sin.
Fir d'UMELDUNG bieden mir Iech, den ONLINE Formulaire auszefellen.
ONLINE Umeldung
Zooschoul mëcht schon um 9.00 op !
Rallyehefter:
an der Saison ginn et Quizhefter am prakteschen A5 Format ( 2 €/Stëck; bei méi wéi 15 Hefter 1,5 €).
Et gëtt 2 Zorten Hefter:
„Déieren“ (deelweis schon préscolaire; primaire),
„Märercher“ (préscolaire a primaire).
Dir kritt se an eisem Butték.
Dir kënnt se och iwert d'Zooschoul bestellen ( online formulaire)
Den Titulaire mecht mat séngem Grupp en Tour am eegene Rhythmus (dauert ongeféier 1 Stonn).
Et ginn ennerwee Froen beäntwert.
Et kann een säin Grupp och flott domat opdeelen.
Beispiel Maerchenrallye
Beispiel Tierrallye

